Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Wëlls du mat eis als Leader an en Internationalen Programm goen? 
Oder an engem vun eisen Campen zu Lëtzebuerg als Staff mathëllefen?

Delegatiouns-Leader beim CISV an engem Internationalen Programm

 

Als Leader vun enger Delegatioun bass du zoustänneg fir ee Grupp vun 4 oder 6 Kanner (an verschiddenen Alterstranchen tëschent 11 an 15 Joer), gläich vill Meedercher wéi Bouwen, déis du schonns an de Méint virun dem Depart kennegeléiert hues.

 

Du begleets se an en Internationalen Programm deen vun enger vun den 70 CISV Organisatioun an der Welt organiséiert gëtt (d.h. dir kënnt och eventuell zu Lëtzebuerg agesat ginn).

 

Am Camp kommen Kanner a Jugendlecher aus 5 bis 12 Natiounen zesummen an liewen do no engem gereegelten Dagesoflaf vun spillereschen Aktivitéiten déi ëmmer een edukativen Hannergrond hunn. D’Leaderen ginn am Team mat dem lokalen Staff an Planung vun den Aktivitéiten agebonnen. Si spillen eng wichteg Roll

 

 

 

 

Wat bidden mir?

 

- D’Rees an den Camp gëtt vun den Elteren vun den Kanner finanzéiert, esou dat dat fir dech näischt kascht
- Eis Leaderen sinn Volontairen, kréien also keng Bezuelung.  Kascht & Logis am Camp ass awer gratis.
- Eis Leaderen sinn wärend der ganzer Dauer vum Programm an op der Rees vum CISV aus verséchert.
- Eng Volontaires Erfarung déi der erlabt deng sozial an Leadership-Kompetenzen an engem interkulturellen Emfeld ze moossen.
- Doduerch dat d'Emganssproch an all eise Programmer Englesch ass, kanns de deng Kenntnissen am Engleschen niewelaanscht verbesseren
- Durch däin Engagement weist du Responsabilitéit fir an an der Gesellschaft (responsabilité sociétal), déi der och an dengem spéideren Berufsliewen vun Notzen sinn wäert.
- Du léierst gläichgesënnten Leit an dengem Alter vun der ganzer Welt kennen, Frëndschaften déi och no dem Camp bestoen bleiwen an wou's de iwwerall op der Welt eng open Dir fannen kanns.

  • Den CISV Lëtzebuerg stellt sengen Leaderen nom Camp ee Certificat aus an dem d’Participatioun an engem Pedagogeschen Programm als Accompagnateur bestätegt gëtt.
  • Wann et eis no geet  dann soll et keng eemooleg Erfarung bleiwen; wann et dir gutt gefall huet, an jiddereen zefridden ass, dann sinn mir frou dech och an Zukunft als Leader an d'Welt kënnen ze schécken oder an engem vun eisesn Programmer zu Lëtzebuerg als Staff ze engagéieren. Du bass natiirlech och häerzlech op eis Aktivitéiten zu Lëtzebuerg agelueden.

  

Wat verlaange mir?

- Du muss mindestens 21 Joer al sinn
- Du schwätzt Lëtzebuergesch an Englesch
- Wéi jiddereen deen mat Kanner ze dinn kritt, musst du een aktuellen Extrait vum Casier 3 an 5 virleeën.
- Du musst (wann et lass geet) eng CISV Leadership Formatioun gemaach hunn, entweder zu Lëtzebuerg oder mir kënnen (probéieren) dat an dem Land ze       arrangéieren an dems du studéiert
- Et wier flott wanns du esou oft wéi méiglech op eis Mini-Camp-Weekender/Dagesaktivitéiten kommen kéins fir deng Delegatioun besser kennen ze léieren an mat den Aktivitéiten vertraut ze ginn. (d'Datumer fannt der op cisv.lu)
- Plang och virum Depart, dat een oder anert zousâtzlecht Treffen mat denger Delegatioun an mat den Elteren an, fir se besser kënnen ze léieren an och den Camp ze preparéieren.
- Bedenk och w e g, dat di uewegenannten Datumer, déi sinn wou der op der Plaz sinn musst. Et kann sinn, dat aus techneschen Grënn, den Fluch misst een Dag éischter goen, oder och d'Heemrees een Dag méi spéit ass (z.B. wann et wäit fort ass). An deem Fall suergen mer dofir, dat dir dohannen bei enger Famill ënnerbruecht gitt.  Vir dech heescht dat awer, dats du bei denger Vakanze-Plangung berécksiichtegt keng aner Engagementer unzehuelen déi do een Konflikt duerstelle kéinten. 
- Last but not least, musst du Member vum CISV Lëtzebuerg sinn (fir Studenten 25 Euro d'Joer)

 

 

Cookie Policy

This site uses cookies to store information on your computer.

Do you accept?